Iwwer 1.000 Pilger hunn de Chef vun der kathoulescher Kierch um Fluchhafen empfaangen.

Zéngdausende vu Leit stoungen an de Stroosse Spaléier wéi de Poopst op Panama-City gefouert gouf. Während dem Trajet koum et zu engem Tëschefall. Ee jonke Mann ass mam Fändel vum Venezuela op den Auto an deem de Poopst souz duergelaf. D'Gefier huet mussen auswäichen. D'Sécherheetsleit haten d'Situatioun séier am Grëff. De Pontifex hëlt um Donneschdeg un engem groussen Event deel an zelebréiert e Sonndeg déi grouss Ofschlossmass. Dat ass dann den Héichpunkt vum Weltjugenddag, fir deen déi Kéier iwwer 200.000 Gleeweger aus der ganzer Welt erwaart goufen, dorënner och ee Grupp vu jonke Lëtzebuerger.