Dat huet d'Unesco um Donneschdeg fir den éischte Weltdag vun der Bildung bekannt ginn. 260 Millioune Kanner hu keen Accès zu Schoulen.

D'Unesco fuerdert méi Chancëgläichheet. Ouni eng gerecht Chance op Educatioun, kéint weder eng Gläichberechtegung vun de Geschlechter erreecht, nach den Däiwelskrees vun der Aarmut duerchbrach ginn.