Am US-Bundesstaat Florida koum et e Mëttwoch den Owend eiser Zäit, zu enger bluddeger Dot an enger Bank an der klenger Stad Sebring.

En 21 Joer jonke Mann wier an d’Filial eragaangen an huet do ëm sech geschoss. 5 Leit sinn dout.

Den Täter selwer hat kuerzzäiteg Geisele geholl, ma huet sech awer erginn, wéi eng Spezial-Unitéit d’Gebai gestiermt huet. D’Hannergrënn an d’Motiver vum Mann sinn nach onkloer.