Hans Joachim Schellnhuber: "Efforte ginn net duer"
D'politesch Verspriechen, déi een op der Klima-Konferenz gemaach huet, missten och ëmgesat ginn.
Trotz den aktuellen Efforte géif een 2-Grad-Zil net erreechen, weider Mesurë misste geholl ginn, esou den Hans Joachim Schellnhuber.
Den däitsche Klimafuerscher Hans Joachim Schellnhuber war um Mëttwoch den Owend fir eng Konferenz vun der Associatioun "The Bridge Forum Dialogue" zu Lëtzebuerg. De fréieren Direkter vum Potsdamer Institut fir Klimafuerschung ass ee vun den Éischten, dee sot, datt d'Erreeche vum 2-Grad-Celsius-Zil wesentlech wier, fir dat eise Planéit sech net ze vill verännert.
Elektromobilitéit schued, kuerzfristeg
Wann et ëm d'Fro vun der Elektromobilitéit geet, gesäit de Fuerscher dëst als ee Bestanddeel vun der Léisung. Kuerzfristeg wier wuel d'Energie-Bilanz vun Elektrogefierer méi schlecht wéi déi vun den aktuelle Verbrennungsmotoren, laangfristeg géifen d'Verbrennungsmotore méi schueden.
Insgesamt hätt d'Bewosstsinn fir de Klimawandel sech an de leschte Joren enorm geännert. Déi politesch Grondlag wier 2015 um Klimasommet zu Paräis geluecht ginn. Bei der Ëmsetzung wier et awer aktuell méi problematesch, d'politesch Versprieche misst een och ëmsetzen.