Nom Konsum vu gepanschtem Alkohol an Indien ass de Bilan vun den Doudesaffer elo op 57 geklommen.

Dat hunn déi zoustänneg Autoritéiten e Samschdeg matgedeelt. Honnerte Liter vun der illegal gebrannter Drëpp goufe saiséiert. 30 Leit goufen an deem Kontext festgeholl.

Am Indien stierwen all Joers ronn 1.000 Leit, well se illegal produzéierten Alkohol konsuméieren.