De russesche President Vladimir Putin hätt wëlles, en onofhängegen ukrainesche Staat an d'Demokratie ze zerstéieren, sou den ukrainesche President.

Am Mäerz sinn am Land Präsidentschaftswalen an hei wéilt sech Russland amëschen, dat sot de Petro Poroschenko.

En Donneschdeg hat d'Parlament zu Kiew d'Participatioun vu russeschen Observateuren am Kader vun de Wale refuséiert. Domadder wéilt een eng Amëschung vu Moskau verhënneren, war d'Argumentatioun.

Zanter 2014 gesäit sech d'Ukrain am Krich mat sengem Noper, well de Putin deemools ënnert anerem d'Hallefinsel Krim annektéiert hat.