E Sonndeg kommen d’Staats- an d’Regierungscheffe vu méi wéi 50 Länner zu engem Sommet vun der Afrikanescher Unioun an Äthiopien zesummen.

De Schwéierpunkt vun den Diskussiounen op der Konferenz, déi och e Méindeg nach wäert daueren, läit um Thema Flucht a Verdreiwung. Ägypten soll de Virsëtz vun der Afrikanescher Unioun iwwerhuelen an huet annoncéiert als Virbild wëllen ze fungéieren an der Lutte géint déi illegal Migratioun.

Um Ordre du jour steet awer och eng geplangten afrikanesch Fräihandelszon, där 44 Länner sollen ugehéieren.