E Bouf vun 12 Joer soll e Samschdeg zu Montpellier am Kader vun der Protestaktioun vun de Gilets Jaunes festgeholl gi sinn.

De Jong hätt mat Saachen op d'Autoritéite geschoss an och d'Prefecture viséiert. Honnerte vu Leit haten e Samschdeg  zu Montpellier demonstréiert.

Zu Metz waren eng 1.900 Leit op der Strooss. Och do ass d’Situatioun e Samschdeg den Owend liicht eskaléiert.
E puer honnert Manifestanten hate probéiert eng Police-Spär ze duerchbriechen. Dobäi huet d’Police och Gummigeschosser an Tréinegas agesat.

A Frankräich fuerderen ëmmer méi grouss Stied eng Drénglechkeetsreunioun mat der franséischer Regierung, wéinst de Schied ënnert deene si, wéinst de Protestaktioune vun de Gilets jaunes ze leiden hunn. 13 Wochen hannertenee sinn déi elo schonns op d'Strooss gaang, Casseuren, déi sech ënnert d'Demonstrante gemëscht hunn, hunn ënnert anerem Fënstere vu Butteker futtigeschloen, Butteker geplëmmt an ëffentlech Infrastrukturen a Schëlder beschiedegt. D'Perte géif a Milliounenhéicht léien, esou eng Associatioun, déi eng sëlleche Gewielten aus grousse Stied rassembléiert.