Fir hei géint d'Minoritéitsregierung vum Ministerpresident Pedro Sánchez a fir eng Eenheet am Land ze demonstréieren.

Der Regierung geheien d'Demonstrante vir, datt si an den Negociatioune mat der katalanescher Regionalregierung ze vill lasch ëmgaange sinn. Datt déi ze vill Zougeständnisser gemaach krut. Déi grouss Manifestatioun ass vun de konservativen Oppositiounsparteien an der rietspopulistescher Vox lancéiert ginn. Si stoung ënnert dem Motto "Fir ee vereente Spuenien: Walen elo".

De leschte Juni huet de Pedro Sánchez d'Successioun vum Mariano Rajoy iwwerholl, nodeems deen ee Mësstrauensvott net iwwerlieft huet. Allerdéngs ass de Sánchez mat Hëllef vun de Stëmmen vun de separatistesche katalanesche Parteien op dee Poste komm.
An zwee Deeg sti katalanesch Separatiste virum Ieweschte Geriichtshaff zu Madrid, wou hinnen de Prozess gemaach gëtt, wéinst dem Ofhale vun engem Referendum, dee vun uewe verbuede gouf.