Den Iran feiert de 40. Joresdag vun der Victoire an der islamescher Revolutioun, den 11. Februar 1979.

Wéi all Joers gëtt et och dëst Joer eng offiziell grouss Manifestatioun op der zentraler Asadi-Plaz zu Teheran, wou de President Ruhani eng Ried wäert halen.

De 40. Joresdag huet dës Kéier awer eng speziell Bedeitung, well an der islamescher Kultur, 40 Joer als Alter vun der Maturitéit gëllt.