D'Pompjeeën an Neiséiland preparéiere sech op ee wochelaange Kampf géint ee risege Bëschbrand am Süde vun der Insel.

Un der Spëtzt vun der Südinsel stelle sech d'Pompjeeën drop an bis wäit an de Mäerz eran géint d'Flamen mussen unzekämpfen. D'Regioun do wier vun Hëtzt geplot, alles wier verdréchent, wat d'Feier natierlech begënschtegt.

Ronn 3.000 Awunner vun der Stad Wakefield un der Nordspëtzt vun der Südinsel waren e Samschdeg opgefuerdert ginn, wéinst dem Feier hir Haiser ze verloossen. D'Flame ware bis un 2 Kilometer un d'Haiser erukomm. De regionale Chef vum Zivilschutz huet präziséiert, dass fir déi Regioun den Noutstand ausgeruff gouf.

D'Leit dierfte wuel am Laf vum Dag an hir Haiser zeréck, awer zu all Moment nees mat enger Evakuatioun rechnen. Den Ament géife sech d'Flamen vun de Wunnquartiere fortbeweegen. Een Haus gouf zerstéiert, Blesséierter oder Doudesaffer goufe keng gemellt.