Zéngdausende Meedercher a Jonge ginn als Kannerzaldote mëssbraucht. Genee Zuele feelen, mä de Chiffer gëtt op bal 250.000 geschat.

En Dënschdeg ass de Weltdag géint den Asaz vu Kannerzaldoten. A Konflikter, déi scho laang daueren, gi leider gäre Kanner agesat, ënnert anerem am Südsudan, an der Zentralafrikanescher Republik, an der Demokratescher Republik Kongo, a Somalia, Syrien oder dem Jemen.

Net ëmmer mussen d'Kanner kämpfen, mä si mussen och kachen, Saachen droen an Holz sammelen. Vill Meedercher ginn och zwangsbestuet an d'Kanner gi reegelméisseg sexuell mëssbraucht.

Unicef rifft all d'Regierungen dozou op, sech méi staark géint dës uerg Kannerrechtsverletzungen anzesetzen.