D'Schwäiz ass bekannt fir strikt Vitesslimitatiounen a streng Strofen.

Trotz de strenge Strofen an der Schwäiz, gouf hei e 34 Joer alen Automobilist aus Däitschland mat 249 Kilometer an der Stonn erwëscht. De Mann gouf verhaft a riskéiert elo 4 Joer Prisong. De Parquet huet donieft säi Permis agezunn a säi Gefier saiséiert.