Fir d'2. Kéier bannent just e puer Wochen huet de franséische President Macron schonn nees e wichtege Mataarbechter verluer.

Säi Chef-Strateg a perséinleche Beroder Ismaël Emelien huet e Méindeg annoncéiert, den Elysée ze verloossen. De Grond wier e Buch, dat hie wéilt publizéiere, iwwert progressiv Politik.

De Macron hat sengem Staff awer verbuede Bicher ze publizéieren, wärend deem si fir hien schaffen.

Schonns am Januar hat de Sylvain Fort, e Kommunikatiounsberoder, deen d’Riede fir de President geschriwwen huet, den Elysée verlooss.