Fir ee weidere Shutdown an den USA ze verhënneren, sollen d'Republikaner an d'Demokraten am Kongress ee Grondsazaccord fonnt hunn.

Dee muss nach vum Kongress validéiert ginn.

Wéi d'Noriichtenagence AFP vu Mataarbechter aus dem Kongress wëll wëssen, wieren doranner 1.3 Milliarden Dollar virgesinn, fir een Deel vun der mexikanescher Mauer ze bauen. Engem Projet un deem de President Donald Trump jo festhält. Wéi et heescht, solle mat de Suen 89 Kilometer Mauer am Süde vum Texas gebaut ginn. D'Wäisst Haus misst deem awer nach offiziell zoustëmmen.