Honnerte Flich goufen tëscht en Dënschdeg den Owend 22 Auer an e Mëttwoch den Owend gestrach, Busser sinn ausgefall, Administratiounen a Schoule waren zou.

An der Belsch war fir dëse Mëttwoch e grousse General-Streik geplangt. Eng Allianz vu Gewerkschafte hat den Opruff gemaach, fir an enger ganzer Rei vu Secteuren net ze schaffen. Hannergrond sinn d'Verhandlungen iwwer méi héich Léin, bei deenen déi verschidden Acteuren sech net eens goufen. Betraff vum Streik sinn ënner anerem den Eisebunns- an de Fluchverkéier.

AUDIO: Streik an der Belsch - Reportage Pit Everling

D'confédération des syndicats chrétiens, d'fédération générale du travail an d'centrale générale des syndicats libéraux hunn opgeruff fir d'Aarbecht néier ze leeën. Aktioune lafe schonn zënter en Dënschdeg den Owend.

Bei der Eisebunnsgesellschaft SNCB gëtt zum Beispill just nach en Deel vun den Zerwisser assuréiert. Hei spillt de sougenannte „service minimum“, dee muss assuréiert ginn. Wärend de Spëtzestonne gëtt gekuckt, fir op d'mannst d'Halschent vun de Connectiounen ze assuréieren.

Nieft den Zich waren och d'Metroe a plazeweis d'Busse betraff, grad ewéi d'Fligerei, notamment um Fluchhafe Zaventem, also Brussels Airport.

Och nach aner Secteure si concernéiert. D'Kliniken assuréiere just e reduzéierten Zerwiss, och bei der Post a beim Ewechhuele vun den Dreckskëschte kéint et zu Problemer kommen.  

Hannergrond vum Streik ass déi sougenannt norme salariale, déi all zwee Joer d'Salaires-Käschten determiéiert an déi d'Indexatiounen a Barêmes-Augmentatioune festleet.

D'Salaires-Haussen déi virgesi sinn, ginn de Gewerkschaften net duer, si hunn de Verhandlungsdësch verlooss

De leschte Streik, deen esou en Ausmooss hat, war am Dezember 2014, wéi d'Gewerkschafte géint d'Spuerpläng vun der Regierung Charles Michel protestéiert hunn.