D'Bedreiwer-Gesellschaft Tepco dermat ugefaangen, e Roboter an d'Géigend vum geschmolte Strale-Material an engem Reakter erof ze loossen.

Dat ganzt läit jo ënner Waasser, a wier fir e Mënsch bannent kierzsester Zäit duerch déi héich Strahlung déidlech...

T’géif drëms goen fir iwwerhaapt mol méi konkret ze wëssen, wéi sech déi geschmolte Brenn-Stief mëttlerweil géifen verhalen, heescht et vun de japaneschen Autoritéiten.

D’Wierk zu Fukushima war jo am Mäerz virun 8 Joer duerch en Tsunami staark beschiedegt ginn, an d’Géigend gëllt haut als eng vun den am stäerksten kontaminéierten um ganze Planéit.