Nodeems e Méindeg de Moien de Buedem an der Eifel gewackelt hat, koum et en Dënschdeg de Moien fréi zu engem weideren Äerdbiewen.

Géint 5.40 Auer en Dënschdeg de Moie sinn d'Leit aus der Osteifel aus dem Schlof gerappt ginn, nodeems do de Buedem mat enger Stäerkt vun 2,5 op der Richterskala gewackelt hat. D'Biewe war an enger Déift vu 6 Kilometer, den Epizenter loung an der Géigend vu der Autobunn 48.

Vill Leit aus der Regioun tëscht Kobern-Gongorf an Ochtendung hunn d'Vibratioune gespuert, Glieser hu gerabbelt a Miwwele gewackelt.

E Méindeg de Moien hat e Biewe vun 2,8 op der Richterskala d'Leit wakereg gerëselt, awer just wärend e puer Sekonnen.

Nei sinn esou Äerdstéiss an der Eifel net. Dacks kéimt et am Neuwieder Becken zu klengen Äerdbiewen, déi een awer net ëmmer spiert. Eréischt bei enger Stäerkt vun 2,0 mierkt een an der direkter Ëmgéigend vum Epizenter, dass de Buedem vibréiert.

D'Osteifel läit an enger Äerdbiewenzon, et gëtt do och vulkanesch Aktivitéiten. E Vulkanausbroch bréicht een an nächster Zäit awer net ze fäerten, soen Experten. Dat hei wier en tektonescht Biewe gewiescht.

Am Dräieck Aachen, Bonn, Niederrhein kéimen dacks méi hefteg Biewe vir, zum Beispill am Abrëll 1992. Mat enger Stäerkt vun 5,9 am Rheinland war et dat stäerkst Biewen zanter 1756. Deemools gouf et souguer Blesséierter a Schied u ville Gebaier. Och zu Lëtzebuerg waren dës Äerdstéiss ze spieren.

D'Biewen 2002 an der Ëmgéigend vun Alsdorf bei Aachen, mat enger Stäerkt vun 4,8 op der Richterskala, misst donieft och nach ville Leit an Erënnerung sinn.