Um 2. Dag um Sommet vun den Nato-Verdeedegungsministeren zu Bréissel, steet um Donneschdeg d’Zukunft vum Asaz an Afghanistan um Programm.

D’USA wëlle sech jo aus dem Land um Hindukusch zeréck zéien. Aner Länner, notamment Däitschland, hunn annoncéiert hire Verbleif vun der Decisioun vu Washington ofhängeg ze maachen.

E Mëttwoch stoung den sougenannten INF-Vertrag zu Bréissel am Fokus, also den internationalen Ofrëschtungs-Vertrag fir atomar-fäeg Mëttelstrecke-Rakéiten, dee vun den USA a Russland gekënnegt gouf.

De Lëtzebuerger Verdeedegungsminister François Bausch sot e Mëttwoch, dass een den Dialog mat Moskau misst sichen. Et wier ee sech zwar eens, dass d’Russen de Vertrag mat der Entwécklung vun enger neier Rakéit gebrach hätten – Trotzdeem sollt ee weider op Diplomatie setzen.

Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet e Mëttwoch awer och d’Méiglechkeet vun der Installatioun vun neien, konventionelle Waffe-Systemer an Europa an d’Spill bruet, als Reaktioun op d’Menacen aus Russland.