Wéi d'Wäisst Haus matdeelt, wëllt den Donald Trump d'Finanzéierung vun der Grenzmauer zu Mexiko mam ausruffe vum nationalen Noutstand duerchsetzen.

Den Trump wëll de Gesetzesentworf, deen tëscht de Parteien am Kongress ausgehandelt ginn ass, wuel ënnerschreiwen, ma hie wëllt awer och duerch d'Deklaratioun vum nationalen Noutstand säi Projet mam Bau vun enger Mauer tëscht den USA a Mexiko weider virundreiwen, dat huet en Donneschdeg fir d'éischt de Chef vun de Republikaner am Senat, Mitch McConnell matgedeelt. Kuerz drop huet d'Wäisst Haus dës Informatioune confirméiert.

D'Budgetspropos bleift nämlech däitlech hannert dem Trump senge finanzielle Fuerderunge fir de Bau vun der Mauer. Deemno géing den US-President fir de Bau vun der Grenzmauer mat 1,375 Milliarden Dollar däitlech manner Sue kréien. Hien hat 5,7 Milliarden Dollar gefuerdert.

Fir den Trump ass d'Ausruffe vum nationalen Noutstand wuel déi lescht Méiglechkeet, fir un eng gréisser Geldzomm fir säi Projet ze kommen. Mat der Majoritéit vun den Demokraten am Representantenhaus dierft den Trump bis déi nächst Walen am Joer 2020 iwwert de Budget net méi un déi néideg Sue kommen.

Spriecherin vun den Demokraten dreet Trump

D'Spriecherin vun den Demokraten, Nancy Pelosi, huet nach en Donneschdeg den Owend op d'Ukënnegung vum Wäissen Haus reagéiert a gesot, datt wann den Trump den Noutstand géing ausruffen, si rechtlech Schrëtt géing préiwe loossen.

US-Senat a Kongress stëmme fir Budgetskompromëss

An den USA huet de Kongress dem Budgets-Kompromëss zougestëmmt, deen e weideren Shut-Down soll verhënneren. Nom Senat huet an der Nuecht op e Freideg och d’Representantenhaus gréng Luucht ginn.

Elo feelt nach just d’Ënnerschrëft vum President Trump, fir d’Budgetsgesetz, dat bis September gëllt a Kraaft ze setzen. Dat wéilt hien och maachen, heescht et aus dem Wäissen Haus.