E Freideg géint 17 Auer eiser Zäit hat den Donald Trump ëmgesat, wat en ugekënnegt hat: den Noutstand fir eng Mauer ...

Mam Noutstand kann den Trump op Finanzmëttel an Héicht vu ronn 8 Milliarden Dollar zeréckgräifen. De Gros vun de Sue wäert hien an de Bau vun der Mauer stiechen.

Ouni den Noutstand wier den US-President net un d'Sue komm, fir "seng" Mauer ze finanzéieren, well d'Demokraten, déi an enger vun den zwou Kummeren am US-Kongress d'Majoritéit hunn, kengem Budget mat Sue fir d'Mauer zoustëmme wëllen.

Grousse Widderstand géint d'Decisioun vum Trump

Kuerz nodeem den Donald Trump den Noutstand ausgeruff hat, koum et vu ville Säiten zu massiver Kritik. Membere vum Representantenhaus hunn an engem Bréif un den Trump ugekënnegt, den Noutstand ze iwwerpréiwen. D'Demokratin Debbie Wasserman Schultz huet géigeniwwer der Tëleeschaîne CNN gesot, datt d'Virgoe vum US-President géing géint d'Verfassung verstoussen an et wäert een alles dofir maachen, fir den Noutstand ze verhënneren.

Fir dëse Cavalier-Seul vum President ze stoppen, missten d'Parlament, an deem Demokrate jo d'Majoritéit hunn, an de Kongress, wou d'Republikaner dominéieren, zesummen eng Resolutioun ënnerschreiwen. Déi misst dann nach vum President selwer ënnerschriwwen ginn. Béides gëllt als extrem onwahrscheinlech. D'Wäisst Haus begrënnt d'Deklaratioun mat enger humanitärer Kris op der Südgrenz. Déi zentral Interesse vun der nationaler Sécherheet wäre menacéiert, esou d'Argument.

Den US-President Trump wäert säin Noutstand wuel och viru Geriicht musse verdeedegen. Nieft den Demokraten hunn och Biergerrechtler ugekënnegt, dogéint ze kloen. Besëtzer vu Lännerei am US-Bundesstaat Texas hunn dëst scho gemaach. Onkloer ass, wéi laang dës Geriichtsverhandlungen dauere wäerten a wéi een Ausgang se wäerten hunn.

Fir Geriicht wäert d'Fro am Fokus stoen, ob d'Situatioun un der mexikanescher Grenz een Noutstand iwwerhaapt rechtfäerdegt.