D'Waffegewalt an den USA geet weider. Bei Schëss an enger Fabrick fir Waasser-Ventiller bei Chicago si 6 Mënsche gestuerwen.

Fënnef Poliziste goufe bei der Schéisserei e Freideg blesséiert. Och den Täter ass ënnert den Doudegen, wéi d'Policecheffin aus der Uertschaft Aurora virun de Kamerae confirméiert huet.

Wéi lokal Medie mellen, handelt et sech beim Täter ëm e 45 Joer ale Mann, dee selwer bei der Firma geschafft huet. Eréischt virun zwou Woche wär hien entlooss ginn. Ob dat d'Motiv ass, misst awer nach gekläert ginn. Iwwerdeems huet den FBI annoncéiert, z'intervenéieren.