D'USA hunn ënner anerem europäesch Autoen als Risiko fir déi national Sécherheet agestuuft.

Op Basis dovunner kéint den US-President Trump nei Spezialtaxen aféieren.

Déi däitsch Kanzlerin, Angela Merkel, huet e Samschdeg zu München op der Sécherheetskonferenz d'Pläng vun den USA staark kritiséiert.

An hirer Ried huet si nach eng Kéier betount, datt vill däitsch Firmen hir Autoe géingen an den USA bauen. Beispillsweis huet BMW ee Wierk am US-Bundesstaat South Carolina. Si war alles anescht wéi frou iwwert déi Aschätzung vun den Amerikaner.

De Lëtzebuerger Ausseminister ass d'accord mam Angela Merkel an ass frou doriwwer, datt si virum US-Vizepresident Mike Pence geschwat hat, dee just dat eege Land an den eegene President an den Himmel gelueft huet.

AUDIO: Interview mam Jean Asselborn

D'EU anerersäits géing nach ëmmer versichen, Brécken ze bauen a Concessiounen ze maachen. Vun amerikanescher Säit géing ee just héieren, dass déi multilateral Accorden, déi opgebaut goufen, net an hirem Interessi wieren.

D'Resultat vun dëser Haltung géing een net direkt gesinn, ma an 1-2 Joer wäert een eng ziviliséiert a kultivéiert Aussepolitik wahrscheinlech net méi kënnen praktizéieren, sou den Jean Asselborn am Interview mat RTL.

De falsche Patriotismus wär elo Prioritéit fir Amerika. All Land misst kucken, dass et hinne gutt geet, da geet et der ganzer Welt gutt. Mee den Ausseminister hofft, dass esou eng Philosophie keen Néierschlag an den Europawahlen am Mee wäert fannen. Op alle Fall misst een awer nach ëmmer am Gespréich mat den Amerikaner bleiwen, vill Leit an den USA wären schliisslech net der nämmlechter Meenung wéi den Donald Trump, esou nach den Jean Asselborn.

© AFP

Nord Stream 2

Am Sträit ëm den däitsch-russesch Pipeline-Projet "Nord Stream 2" huet sech elo nees eng Kéier den amerikanesche Vizepresident Mike Pence agemëscht an eng Warnung un déi däitsch Regierung ausgeschwat. Berlin géing sech doduerch ze vill ofhängeg vu russeschem Gas maachen. Et kéint een d'Verdeedegung vum Westen net garantéieren, wa sech Bündnispartner vum Osten ofhängeg maachen. Dat sot den Pence op der Münchener Sécherheetskonferenz.

D'Bundeskanzlerin Angela Merkel verdeedegt Nord Stream 2. Ob Europa ofhängeg vum russesche Gas ass oder net, dat géing net méi vum Bau vun der Pipeline ofhänken. D'Kanzlerin betount awer, dass näischt géing dogéint schwätzen och amerikanesche Gas ze kafen.

De Mike Pence huet dann am Numm vum President Trump, d'NATO Partner nach eemol opgefuerdert, 2% vum PIB an d'Verdeedegung z'investéieren. Vill Länner hätten dat gemaach, all déi aner misste Washington nach hir Pläng presentéieren, wéi si dat Zil bis 2024 erreeche wëllen.

China

Zanter dem Amtsuntrëtt vum US-President Donald Trump steet de Multilateralismus tëscht den Staaten an enger Kris. Ëmmer méi dacks gëllt d'Reegel “all Mënsch fir sech”, amplaz "zesumme si mer méi staark".

Wei et schéngt wëll China awer elo nees ewech vun der Isolatiouns-Doktrinn an huet op der Internationaler Sécherheetskonferenz zu München kloer betount, dass si eng Weltuerdnung géinge begréissen, wou op international Zesummenaarbecht gesat gëtt.

"Mir fuerdere Fridden, Entwécklung an eng Win-Win-Zesummenaarbecht“, sot den ieweschten Aussepolitiker vum Land, Yang Jiechi. Gläichzäiteg huet hie sech awer géint eng Amëschung an intern Affären vun eenzelen Länner ausgeschwat. China gëtt international jo och ëmmer nees kritiséiert, well d'Mënscherechter do net genuch respektéiert ginn.