Den US-President Donald Trump setzt och um Sonndeg seng europäesch Alliéiert weider ënner Drock. Lëtzebuerg gouf net direkt vun him ugeschwat.

An engem Tweet op de sozialen Netzwierker rifft hien déi europäesch Alliéiert op, honnerten inhaftéiert Kämpfer vun der Terrormiliz islameschen Staat opzehuelen an ze veruerteelen. D'USA zéie jo hir Truppen aus Syrien of. Elo soll Europa sech ëm d'IS-Kämpfer këmmeren. Am aneren Fall géif hie si fräiloossen, esou d'Menace vum Trump.

Zu den EU-Memberstaaten, déi den Trump direkt ugeschwat huet, gehéiert Lëtzebuerg net, dofir awer Däitschland a Frankräich. Och Groussbritannien misst Responsabilitéit iwwerhuelen an hëllefen, déi 800 Islamisten, déi d'USA a Syrien festhalen, opzehuelen an hinnen de Prozess ze maachen. D'USA géifen nämlech net gären nokucken, wéi dës Kämpfer sech an Europa infiltréieren, well dës géinge mat Sécherheet dohi wëllen, esou den Trump nach.

D'USA géifen schonn esou vill maachen, an esou vill ausginn. An elo wär et un der Zäit dass anerer deen Job maachen, deen d'USA esou gutt kënnen, behaapt den Trump via Twitter.

Dänemark huet sech um Sonndeg zu Wuert gemellt an d'Fuerderung vum Donald Trump zeréckgewisen. „Et géing sech bei deene Leit ëm e puer vun den geféierlechste Mënschen op dëser Welt handelen an déi sollt een net zeréckhuelen“, dat sot den aussepolitesche Porte-Parole vum Premier Minister Lars Rasmussen. Dës Situatioun wär souwisou dem President Trump seng Schold, well hie sech decidéiert hätt, d'US-Truppen aus Syrien ofzezéien, iert d'Land iwwerhaapt stabiliséiert wär. Vun der dänescher Oppositioun huet et iwwerdeems nach geheescht, dass een d'IS-Kämpfer an der Regioun selwer misst viru Geriicht stellen.