A Griichenland kënnt et am Wanter ëmmer nees zu schroe Wiederen mat heftegem Reen. Op Kreta sinn 2 Persounen ëm d'Liewe komm, 2 anerer gi vermësst.

Bei de Vermëssten a bei den Doudesaffer handelt et sech ëm Membere vun enger griichescher Famill. Hiren Auto gouf an der Nuecht op e Sonndeg vun de Waassermasse vun enger Baach matgerappt.

Rettungsekippen hunn d'Läichen eréischt e Méindeg de Moie fonnt. D'Ongléck ass an der Géigend vun Tymbaki am Süde vun der Insel geschitt.