Si sinn net d'Accord mat der Brexit-Politik vun hirem Leader Jeremy Corbyn an trieden aus der Partei aus.

Den Jeremy Corbyn hätt mat senger Haltung de Brexit méiglech gemaach, esou ee vun de Reprochen.

En anere Virworf, deen dem Chef vun der britescher Oppositiounspartei gemaach gëtt, ass deen, datt en ze wéineg géint antisemitesch Parteimembere virgaange wier. Hie wier am No-Ost-Konflikt eesäiteg a géing ze vill de Palestinenser d'Säit halen, esou soen et parteiintern Kritiker.