Weider gouf och déi israelesch Ambassadrice an den Ausseministère op Warschau zitéiert.

De Visegrad-Sommet zu Jerusalem ass ofgesot, dat huet den tschechesche Premier Andrej Babis confirméiert.
Virdrun hat Polen matgedeelt, datt keng Delegatioun an Israel derbäi wier. Hannergrond ass e Sträit tëscht Polen an Israel. Et geet drëm, ob Polen mat den Nazi-Occupante kollaboréiert soll hunn. Den neien israeleschen Ausseminister Katz hat esou Reprochë gemaach.