D’Reaktiounen a Groussbritannien sinn hefteg, nodeems Medie gemellt hunn, datt de Sir Jim Ratcliffe säi Land géing verloossen, fir op Monaco ze plënneren.

De räichste Mann vu Groussbritannien zitt et an Europa op Monaco fir Milliarde Steieren ze spueren. Interessant un der Nouvelle ass virun allem awer, dass de Sir Jim Ratcliffe sech ëffentlech fir de Brexit ausgeschwat huet. D'Nouvelle, dass den Direkter an Haaptaktionär vun der Chemiesfirma Ineos vun der britescher Insel flücht, koum do natierlech net gutt un.

AUDIO: Räichste Brit wëll plënneren - Reportage Pierre Jans

Den ''Artist Taxi Driver'' ass eng Internet-Vedette op Twitter. De Chauffeur kommentéiert d'Schlagzeilen an de briteschen Zeitungen, reegt sech nawell dacks ferm op, a filmt sech dobäi.

''You couldn't make it up'', et ass net ze gleewen, seet de Mann. Den Sir Jim Ratcliffe priedegt, wéi schlecht d'Kaarte vu Groussbritannien als Member vun der EU sinn, dreift als räichste Brit de Brexit virun... a geet da senger Wee. Den 29. Mäerz trëtt Groussbritannien offiziell aus der Unioun aus. D'Ongewëssheet wat duerno kënnt, impaktéiert natierlech och d'Wirtschaft op der Insel. Bannent der EU ass d'Zukunft méi gewëss.

Dem Sir Jim Ratcliffe säi Privatverméige gëtt op 21 Milliarde Pond geschat, also ronn 23,9 Milliarden Euro. Wéi déi britesch Zeitung ''The Guardian'' schreift, kéint den Milliardär op mannst 440 Millioune Pond pro Joer u Steiere spueren, wann hien op Monaco plënnert.

Och dem Ratcliffe seng zwee Partner bei Ineos, den Andy Currie an den John Reece, géif et op d'Côte d'Azur zéien. Hinnen all gëtt reprochéiert, Steieren ëmgoen ze wëllen. Esou kéinten dem Vereente Kinnekräich bis zu 4 Milliarde Pond verluer goen, schreift de Guardian.

D'Kritik a Groussbritannien huet net laang op sech waarde gelooss. Esou huet den Chef vun de liberalen Demokrate Sir Vince Cable dem Ratcliffe säi Move an der Sunday Times als ''zudéifst zynesch'' beschriwwen. D'Iddi, Leit zum Ritter ze schloen, déi sech net fir d'Land engagéieren, fënnt den Cable éischter fir sech ze schummen. Et ass eng Uspillung op den Titel vum Sir Jim Ratcliffe.

Och den Deputéierten John McDonnell kritiséiert dem Ratcliffe seng Plënneraktioun op Monaco. Ëmmerhi wär den CEO vun Ineos eng super-räich Persoun, a keen, deen déi zwee Ënn net zesumme géing kréien. All ''Penny'' u Steieren deen op dës Manéier géif gespuert ginn, géif am Gesondheetssystem, an der Educatioun an bei der Sécherheet feelen, esou den McDonnell nach.

Net nëmmen als Privatpersoun weess de Sir Jim Ratcliffe sech a Steierfroen unzeleeën. D'Firma Ineos, bei där him 60 Prozent gehéieren, hat hiren Haaptsëtz vun 2010 bis 2016 an der Schwäiz. Aus manifeste Grënn. A wéi d'Sunday Times schreift, wär Ineos den Ament am Gaang mat der Consulting-Agence PWC un neie Strukturen ze schaffen, fir d'Steieren déi d'Entreprise bezuele muss, däitlech ze reduzéieren.

Den Sir Jim Ratcliffe ass awer net deen eenzege prominente Brexiter deen d'Land verlooss huet. Och de bekannten Industrie-Designer James Dyson huet seng Entreprise op Singapur verluecht.