An der Géigend vun der Schi-Uertschaft Crans-Montana an der Schwäiz ass en Dënschdeg am Nomëtteg op enger Schipist eng Lawin erofgaangen.

Ewéi d'Police matdeelt, soll d'Lawin, déi géint 14.23 Auer erofgaang ass, direkt e puer Leit ënnert sech begruewen hunn. D'Lawin soll eng Längt vun 300 Meter gehat hunn a war ronn 2 Meter héich.

De Buergermeeschter vu Crans-Montana hat an engem éischten Interview vun 10 bis 12 Vermësste geschwat.
Dës Zuel gouf e Mëttwoch no ënne corrigéiert. Am Ganze goufe 4 Leit verschott an déi goufen en Dënschdeg den Owend géint 21 Auer gebuergen. Déi ganz Nuecht gouf weider gesicht.

Eng Persoun, e 34 Joer ale Fransous, ass e Mëttwoch un senge schwéiere Verletzungen am Spidol gestuerwen.

Op engem Video, deen op de sozialen Netzwierker d'Ronn mécht, gesäit ee wéi d'Schi-Fuerer, mat der Lawin am Réck ëm hiert d'Liewe fueren.

De Lift um Hang gouf fir de Public gespaart an ass aktuell just fir d'Rettungsekippen op. Um 3.000 Meter héije Pointe de la Plaine Morte ginn et méi Lifter a Pisten. Vun der Lawin war d'Pist Kandahar op hallwer Héicht tëscht Les Violettes an dem Héchste Punkt vum Bierg.