Den ungaresche Premier Viktor Orban steet zu der Campagne, déi den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker attackéiert.

D'Majoritéit zu Bréissel géing mat hirer Immigratiounspolitik dofir suergen, datt Europa net méi den Europäer gehéiert, sou de Message.
D'Kritik vu sëllechen EVP-Parteifrënn beandrockt de Viktor Orban net.

Och d'Ausso vum Jean-Claude Juncker, fir dem Orban seng Fidesz-Partei aus der EVP am Europaparlament auszeschléissen, hëlt den ungaresche Regierungschef op déi liicht Schëller.

Hie géif dës Debatte esouguer begréissen, esou den Orban.