A Venezuela haten e Samschdeg de President Nicolas Maduro a säi Rival Juan Guaido separat grouss Maniffen.

Den Nicolas Maduro huet op sengem Rassemblement dem Militär "Merci" gesot fir d’Victoire géint e Staatsstreech. Domadder ass de Versuch vum Juan Guaido gemengt, fir de Pouvoir ze iwwerhuelen. Dësen huet e Samschdeg annoncéiert, hie géing eng Tournée duerch d’ganzt Land maachen, fir Leit ze mobiliséieren, dat en Vue vun enger anerer grousser Maniff.