Italien huet den "Appel d'offre" fir de Schnellzuch-Tunnel tëscht Mailand a Lyon op Äis geluecht, dat mellt d'BBC e Sonndeg de Moien.

De Projet, dee schonn ugefaangen ass, deelt d'italienesch Politik bis an d’Koalitioun: den Cinque Stelle ass dogéint, d’Lega dofir.

De Projet sollt 8,6 Milliarden Euro kaschten, mee laut engem Tëschebericht géing d’Facture op 20 Milliarde klammen. De Projet gëtt vun der EU kofinanzéiert, de Rescht deele sech Frankräich an Italien op.