Eng Maschinn vun den Ethiopian Airlines ass e Sonndeg erofgefall. 157 Passagéier waren u Bord. Kee sollt d'Ongléck iwwerliewen.

De Fliger war op engem Linnefluch tëscht Addis Abeba an Nairobi, ewéi d'Maschinn erofgefall ass. Wéi genau et zum Ongléck koum, ass bis elo nach net kloer.

U Bord vun der Boeing 737 MAX 8 waren 149 Passagéier an 8 Membere vun der Crew, esou e Spriecher vun der Airline. De Kontakt zum Fliger hätt ee 6 Minutten nom Start verluer. Méi spéit huet d'Airline du kommunizéiert, dass kee vun den 157 Mënschen d'Ongléck iwwerlieft hätt. Ënnert den Affer si keng Lëtzebuerger dobäi, dat confirméiert den Ausseminister Jean Asselborn e Sonndeg de Mëtteg.

Via Twitter huet de Büro vum ethiopesche Regierungschef Abiy Ahmed de Famille vun den Affer säi Bäileed ausgedréckt.

Um Méindeg fänken Enquêteuren domat un déi genee Onglécksursaach ze klären an d'Affer ze identifizéieren. D'Blackbox konnt um Méindeg de Moie fonnt ginn.

D'Maschinn war e Sonndeg kuerz nom Start vun Addis Abeba Direktioun Nairobi erof gefall. De Pilot soll virdrun nach Problemer gemellt a gefrot hunn, fir kënnen demi-tour ze maachen. Kuerz drop ass de Fliger erof gefall. Ënnert den Doudesaffer sinn op mannst 19 Mataarbechter vun de Vereenten Natioune gewiescht, ënnert anerem vum Welternierungsprogramm, dem UN-Flüchtlingswierk oder nach der Weltbank an dem Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen.

A China: Fluchverbuet fir Fligere vum selwechte Modell
Nom Fligerongléck an Ethiopien duerfen déi chinesesch Fluchgesellschaften de Fliger vum selwechten Typ virleefeg net méi asetzen. Dat hunn déi chinesesch Autoritéiten haut ordonnéiert. Wéi et heescht, wier des Decisioun geholl ginn, fir d'Sécherheet ze garantéieren.