Déi global Zomm vun den Internationalen Vente vu Waffe louch am Zäitraum vun 2014 bis 2018 ëm 7,8% iwwert dem Montant vun tëscht 2009 an 2013.

Dat geet aus enger neier Etüd vum Friddensfuerschungsinstitut Sipri zu Stockholm ervir.

D'USA leie mat groussem Ofstand op der éischter Plaz. Weltwäit ass Saudi-Arabien dat Land, dat am meeschte Waffe keeft. Déi fënnef gréisste Waffenexportateuren bleiwen d'USA, Russland, Frankräich, Däitschland a China. Dës fënnef Länner stinn eleng fir dräi Véierel vum weltwäite Waffenhandel.

Däitschland huet mat Frankräich d'Plaze getosch an ass vun der drëtter op déi véiert Plaz gerutscht. Déi gréissten Importateure sinn Saudi-Arabien, Indien, Egypten, Australien an Algerien.