Den Donald Trump hëlt en neien Ulaf, fir d'Grenzmauer mat Mexiko finanzéiert ze kréien. Hie wëll 8,6 Milliarden Dollar am Budget 2020 virgesinn.

Den US-President wëll weider onbedéngt déi ëmstridde Mauer. E Méindeg soll déi nei, offiziell Fuerderung annoncéiert ginn. Déi 8,6 Milliarden si vill méi wéi déi 5,7 Milliarden, déi den Trump bis ewell fir d'Mauer gefuerdert hat.