Zwéin-Drëttel vun den Däitsche si géint e virzäitege Récktrëtt vun der däitscher Bundeskanzlerin Merkel. Dat seet den däitschen rtl/ntv-Trendbarometer.

D'Angela Merkel soll hiert Mandat fäerdeg maachen, dat soen och 12% méi Leit ewéi nach am Februar.

D'SPD hat jo dermadder gedreet, d'Koalitioun platzen ze loossen, sollt d'Angela Merkel nach an dëser Legislaturperiod ophalen an duerch d'Annegret Kramp-Karrenbauer ersat ginn.