191 Doudeger a ronn 2.050 Blesséierter: Dat war de ganz schroe Bilan, op den Dag genee viru 15 Joer, vun Al Kaida-Attentater op 4 Zich zu Madrid.

10 Bomme waren doran explodéiert. 3 Wochen dono hate sech 7 presuméiert Responsabeler an der Géigend vun der spuenescher Haaptstad bei enger Policerazzia an d'Luucht gesprengt; déi Explosioun hat och e Polizist net iwwerlieft.

Dobäi waren d'Police an d'Regierung zu Madrid direkt nom Attentat dovun ausgaangen, dass d'baskesch Ënnergrondorganisatioun ETA dofir verantwortlech wär.

Wat déi awer direkt zréckgewisen a selwer op islamistesch Terroriste verwisen hat. Den deemolege spueneschen Inneminister hat en Attentat vun Islamisten allerdéngs direkt ausgeschloss: Et géif keng Informatiounen iwwer eng Verwécklung vun Al Kaida ginn. Villméi hätt d'ETA e Massaker a Spuenien geplangt an hiert Zil erreecht. De Premier vun deemools, José María Aznar, hat souguer vu Massemord geschwat, ëmmer a Verbindung mat der baskescher Ënnergrondorganisatioun. No an no gouf awer kloer, dass effektiv Islamisten hannert deene bluddegen Attentater stoungen. D'Bomme waren deemools a Posche verstoppt.

De Francisco Olmos huet deen Dag 1. Hëllef geleescht: „Mäin 1. Gedanke war, dass ech dreemen. Ech konnt net gleewen, dass dat, wat ech gesinn hunn, hei a mengem Quartier passéiert ass. D'Situatioun war ganz schrecklech. De Geroch, den Damp, den Zuch, dee gedämpt huet. Ech duecht, dat kann net wouer sinn. Dat muss en Dram sinn. Ech wollt mech selwer erwächen.“

Kuerz no 7.30 Auer moies, matzen am Trafic fir op d'Aarbecht oder fir an d'Schoul, war déi 1. Bomm héichgaangen; am Sekonnentakt koumen déi 9 aner no. Do, wou d'Posche stoungen, waren d'Zich wéi opgediebelt; dobäi waren 3 Bommen net explodéiert.

Stonnen no den Explosiounen hat Al Kaida d'Responsabilitéit dofir iwwerholl: „Mir hu mat Succès d'Häerz vum Kräizfuerer-Europa infiltréiert an eng Basis vun der Kräizfuererallianz getraff", housch et deemools an engem Schreiwes.