Japan gedenkt e Méindeg den Affer um 8. Joresdag vun der Fukushima-Katastroph.

Deemools waren iwwer 18.000 Mënschen ëm d’Liewe komm, wéi en Tsunami d'Ost-Küst vum Land getraff hat an eng Nuklearkatastroph ausgeléist gouf, där hir Konsequenze bis haut den Alldag vun honnertdausenden Awunner markéieren.

Et ass ee Joresdag, deen op Generatiounen eraus Japan markéiert. Um 14.46 Auer den 11. Mäerz 2011 gouf et mat 9,0 op der Richterskala dat schwéierst Äerdbiewe an der Geschicht vum Land – engem vun de 5 schwéiersten, déi weltwäit bis elo notéiert goufen. Et war e Séibiewe virun der Nordostcôte vun der Myiagi-Prefektur. 6 Minutte laang huet de Buedem geziddert an d’Beweegung war bal 400 Kilometer wäit ewech zu Tokio nach gutt an Uecht ze huelen. Eng hallef Stonn drop gouf d’Côte vun engem Tsunami getraff. Dausende Mënsche stierwen an den éischte Minutten nom Impakt vun de Wellen.

Den Tsunami nom Séibiewen huet och d’Atomzentral Fukushima Daiichi getraff, wou et zu engem Meltdown koum vun dräi Reakteren. Aus engem Radius vun 20 Kilometer ronderëm d’Wierk hunn 160.000 Awunner misse flüchten. De Bedreiwer Tepco huet déi nuklear Brennstief mat Mierwaasser gekillt. Eréischt am Dezember dat Joer waren d’Reakter stabiliséiert.

Offiziellen Zuele no sinn den Ament nach ëmmer 40.000 Awunner a Provisorien ënnerbruecht. En Zeréck ass den Ament net méiglech. Och no groussen Efforten, fir d’Regioun ze dekontaminéieren, ass déi radioaktiv Stralung nach liewesgeféierlech héich, virun allem fir Kanner. A Japan gouf e Méindeg bei der Trauerzeremonie och den 3.700 Mënsche geduecht, déi zanter 2011 un de Konsequenze vun der Fukushima-Katastroph gestuerwe sinn. Gläichzäiteg plangt d’Regierung zu Tokio déi zerstéiert Géigend awer bei den Olympesche Spiller 2020 als komplett sanéiert duerzestellen.