An der nigerianescher Wirtschaftsmetropol Lagos ass e Mëttwoch e Gebai vun e puer Stäck an e Koup gefall an huet e sëlleche Kanner ënnert sech begruewen.

Am Gebai waren eng Spillschoul an eng Primaireschoul. Et geet ee vu villen Doudegen aus.

Genee Chifferen, wéi vill Leit am Gebai waren, gëtt et keng.

Bei enger ähnlecher Katastroph viru 5 Joer waren zu Lagos 116 Mënschen ëmkomm.