Den amerikanesche Senat huet géint den Noutstand gestëmmt, deen de President Trump ausgeruff hat, fir d'Grenzmauer mat Mexiko ze finanzéieren.

Eng Dose republikanesch Senateuren hu sech op d'Säit vun der Oppositioun geschloen. Den Donald Trump huet doropshin annoncéiert, säi Veto anzeleeën an domat de Vott vum Senat ze ëmgoen. Vetrieder vun den Demokraten hunn doropshin Widderstand annoncéiert. De President vun der demokratescher Minoritéit am Senat huet dem President virgeworf d'Verfassung mat Féiss ze rënnen.

De Konflikt riskéiert domat weider ze eskaléieren.

D'Representantenhaus, dat vun den Demokraten dominéiert gëtt, hat d'Resolutioun géint den Noutstand schonn Enn Februar ugeholl. Den US-President hat den Noutstand de 15. Februar proklaméiert, nodeems de Kongress refuséiert hat, déi vun him gefuerdert Milliardenzomme fir de Bau vun der Mauer un der mexikanescher Grenz ze accordéieren.