Bei der Presidentewal an der Slowakei huet déi liberal Biergerrechtlerin an Affekotin Zuzana Caputova déi éischt Ronn konnte fir sech entscheeden.

Déi 45 Joer al Fra huet iwwer 40% vun de Stëmmen kritt a läit domat däitlech virum EU-Kommissär Maros Sefcovic. Dee war fir d'Sozialdemokraten nominéiert a koum op ronn 19%.

Béid Kandidaten trieden den 30. Mäerz an enger Stéchwal géinteneen un. D'Zuzana Caputova huet sech an hirem Walkampf géint Korruptioun agesat a fir e politesche Wandel.

Am Ganzen hu sech e Samschdeg 13 Kandidate fir den 1. Tour gestallt. Iwwer 4 Millioune Leit sinn opgeruff hir Stëmm ofzeginn.