De President Bouteflika misst op déi massiv Protester vum Vollek reagéieren a seng Decisioun vun uganks der Woch réckgängeg maachen.

Dat sot d'Presidentin vun der gréisster Oppositiounspartei Louisa Hanoun bei enger Pressekonferenz. De Bouteflika hat no de grousse Protester zwar ugekënnegt awer net wëlle fir e fënneft Mandat unzetrieden, ma elo goufen déi geplangte Wale verréckelt a säin aktuellt Mandat op onbestëmmten Zäit verlängert.

Dat gëtt awer als onrechtméisseg Verlängerung vu sengem Mandat ugesinn an deels schaarf kritiséiert