De selwer ernannten Interimspresident am Venezuela Juan Guaido rifft d'Leit zu engem Marsch an der Haaptstad Caracas op.

An deem Kader huet de Juan Guaido eng Rees duerch d'Land ugefaangen, op där hien d'Bevëlkerung mobiliséiere wëll, fir d'Regierung vum President Maduro ze stierzen. Hie sot nëmmen d'Ënnerstëtzung vum Vollek géing hien zum President maachen. An déi hätt de Nicolas Maduro net.