A Mexiko ass op en Neits e Journalist ëm d'Liewe komm. Hie gouf e Freideg den Owend a sengem Haus mat dräi Schëss ëmbruecht.

De 47 Joer ale Reporter huet fir e Radiosender geschafft a Reportagen iwwer Drogekriminalitéit gemaach.

D'mexikanesch Mënscherechtskommissioun veruerteelt déi déidlech Attack a fuerdert, datt dem Journalist seng Famill protegéiert gëtt. Donieft misst dréngend e Mechanismus geschaaft ginn, fir Morden u Journalisten z'evitéieren.

Et ass antëscht den drëtte Journalist, deen dëst Joer a Mexiko ëmbruecht gouf.