De Mann war virun annerhallwer Woch vun engem Geriicht zu Lyon, wéinst Vertusche vu Kannermëssbrauch, zu 6 Méint Prisong op Sursis veruerteelt ginn.

Hien hat de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendlechen duerch ee Paschtouer verheemlecht. No senger Condamnatioun hat de Kardinol, deen zanter 2002 Äerzbëschof vu Lyon ass, dem Poopst säi Récktrëtt annoncéiert.