Dat géif e Bréif, deen am Fluchtwon vum Täter fonnt gouf, weisen.

Detailer goufen awer net genannt an aner Hannergrënn gi weider net ausgeschloss. Tëscht dem Täter an den Affer hätten et awer keng direkt Relatiounen ginn.

Zu Utrecht an Holland, südlech vun Amsterdam, gouf et e Méindeg de Moien eng Schéisserei an engem Tram. Mat schlëmme Suitten.

Offiziellen Zuele no sinn dobäi 3 Leit ëmkomm a 5 Persoune goufe blesséiert, dorënner 3 schwéier. (Een Ament war vun 9 Blesséierte rieds, déi Zuel gouf awer kuerz drop no ënne revidéiert.)

Deen dramatesche Virfall war e Méindeg de Moie géint 10.45 Auer op der Plaz vum 24. Oktober. Den Täter hat och op anere Plazen an der Géigend vum Tram ëm sech geschoss.

E puer Stonnen no der Dot hat d'Police eng Foto vum Verdächtege publizéiert, et huet sech dobäi ëm e 37 Joer ale Mann gehandelt.

Um Méindeg den Owend géint 18.30 Auer koum d'Nouvelle, datt de presuméierten Täter verhaft konnt ginn.

Doropshin huet déi hollännesch Police d'Foto vum Mann vun de sozialen Netzwierker geholl, RTL huet se doropshin och aus dësem Artikel geholl.

VIDEO: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Utrecht
D'Police schléisst Terror net aus, dee Verdächtege soll mat engem Auto geflücht sinn, konnt duerno awer gepëtzt ginn. - Onkommentéiert Biller vun der Plaz.

D'Police geet souwuel vun engem Terrorakt wéi vun enger Bezéiungsdot aus. Dee presuméierten Täter war der Police schonn an der Vergaangenheet duerch aner Delikter bekannt. Et géif ee relativ vill iwwert hie wëssen, heescht et aus dem hollänneschen Inneministère. Aenzeien no hätt hien et geziilt op eng Fra ofgesi gehat. Tierkesch Medien hu gemellt, dass hie wéinst enger Familljenaffär op eng Fra geschoss hätt. Wéi aner Leit der Fra wollten hëllefen, hätt hien och op si geschoss.
Haut ginn op all den ëffentleche Gebaier an Holland d'Fändelen op Hallefmast gesat. Och am Parlament zu Den Haag gëtt un d'Affer geduecht.

An der Provënz Utrecht war déi héchsten Terroralerte declenchéiert ginn.

D'Leit zu Utrecht hate vun de Stad-Responsabele gesot kritt, si sollten hir Wunneng net verloossen. D'Studente sollten op der Uni bleiwen. Déi Warnung gouf antëscht awer nees opgehuewen.

Moscheeën a Garë goufe streng bewaacht. D'Militär-Polizei stoung viru wichtegen ëffentleche Gebaier. Och de Fluchhafe bei Amsterdam gouf méi streng bewaacht.