Besonnesch betraff si Gruppen, déi schonn diskriminéiert sinn. Dat geet aus dem Weltwaasser-Rapport vun de Vereenten Natiounen ervir.

Deemno kann iwwert d'Halschent vun der Weltpopulatioun keng sécher Sanitär notzen. Och fir Flüchtlingen ass d'Situatioun deels dramatesch. A Flüchtlingslager wier d'Waasserversuergung dacks an engem katastrophalen Zoustand. Leit déi a Stied wunnen, hunn iwwerdeems dacks besseren Accès zu Waasser wéi Leit aus ländleche Regiounen.