Am US-Bundesstaat Illinois si bal 400 kathoulesch Paschtéier a Laien ëffentlech mat Mëssbrauchsvirwërf konfrontéiert ginn.

Een Affekotebüro huet e Mëttwoch zu Chicago eng Lëscht mat net manner wéi 395 Nimm publizéiert. Déi betraffe Geeschtlech schaffen, oder hu fir den Äerzbistum Chicago geschafft, souwéi fënnef weider Diözesen.

Wéi aus dem Rapport ervirgeet, hätt d'Material dat gesammelt gouf, een erschreckend Ausmooss. Paschtéier géife bis haut Kanner sexuell mëssbrauchen.

D'lescht Joer hat en ähnleche Rapport vum Procureur General vum Bundesstaat Pennsylvania, Honnerte vu Geeschtlechen a Laien als presuméiert Pädophiller stigmatiséiert. Déi meescht Infraktiounen leien ze laang zeréck, fir déi Schëlleg nach ze poursuivéieren. Als eng vun de Konsequenzen war den Äerzbëschof vu Washington deemools zeréckgetrueden.