Fir dëse Samschdeg sinn a Frankräich nees nei Protester vun der Gilets-jaunes-Beweegung annoncéiert. Elo soll och d'Arméi an den Asaz kommen.

Nodeems d’Situatioun de leschte Weekend , virun allem zu Paräis deels eskaléiert war, huet de Porte-Parole vum President e Mëttwoch den Owend wësse gedoen, dass d’Arméi e Samschdeg wäert mobiliséiert sinn, fir déi sensibel Plazen, wéi ëffentlech Gebaier, oder gréisser Plazen an der franséischer Haaptstad ze sécheren.

Déi sougenannten "opération Sentinelle", war bis ewell geduecht, fir um nationale Plang, wichteg Plaze virun enger terroristescher Menace ze schützen.

Dernieft wäert et fir verschidde Quartieren zu Paräis e Manifestatiouns-Verbuet ginn.