Wéinst dem Lockerbie-Attentat 1988 ginn den Ament zu Berlin verschidden Ex-Mataarbechter vun der Stasi, dem DDR-Sécherheetsdéngscht, vun der Police befrot.

Et geet drëm, weider Hannergrënn vum Attentat opzeklären.

Den 21. Dezember 1988 war e Fliger vun der amerikanescher Fluchlinn Pan Am iwwer dem schottesche Lockerbie explodéiert.

Déi 259 Mënschen u Bord an 11 Persounen um Buedem si gestuerwen.

2003 huet Libyen d'Responsabilitéit fir d'Attentat iwwerholl gehat.